Iwwert d’Sandra
D’Faszinatioun fir dëse Beruff koum bei mir scho ganz fréi. Schonn als klengt Meedchen hunn ech mäi Grousspapp a mäi Papp op Chantiere begleet, meng Aen hu vu Bewonnerung a Virwëtz gefonkelt. Ze gesi wéi eng Iddi sech an eng Zeechnung verwandelt fir da Realitéit ze ginn, hat fir mech eppes Magesches.
Nodeems ech meng Études d’éducation artistique am Iechternacher Lycée classique ofgeschloss hat, huet mäi Wee mech op Bréissel a London bruecht, wou ech eng Spezialisatioun am Mobilier et Agencement an am Interior Design gemaach hunn. Ech hunn 2003 an der Fachhochschule Trier mäin Diplom an der Innenarchitektur (Diplom Ingenieur / Fachbereich Innenarchitektur) gemaach.
Zréck zu Lëtzebuerg hu meng berufflech Ufäng mir erlaabt eng zolidd Erfarung am Amenagement vu Büroen, Banken, Restauranten, Hoteller a Privathaiser ze kréien.
Haut ass meng Faszinatioun fir Design ëmmer nach intakt an ech sinn all Dag erstaunt vun allen Aflëss, déi eis ëmginn. Ambiance kreéieren, mat Formen a Faarwe spillen ass meng Leidenschaft ginn. Eng Iddi a Realitéit ëmzesetzen ass eng richteg Erausfuerderung, déi engem eng grouss Zefriddenheet bréngt an ech si frou, haut mat Partner zesummenzeschaffen, déi all hiren Knowhow deelen fir e Projet, eng Visioun, en Dram ze realiséieren ...
Fir mech bedeit Innenarchitektin ze sinn, Leit ze hëllefen hir Iddien ze konkretiséieren an hir Dreem ze liewen an dobäi zäitlos Interieuren an Ambiancen ze schafen déi eis Freed maachen.
SANDRA KAPP
Member vum OAI — Ordre des architectes et des ingénieurs-conseils du Grand-Duché de Luxembourg