Projete Fir Entreprisen
Konzeptioun an Amenagement vun engem Musterhaus zu Selschent
fir d’Firma JANS Constructions
Konzeptioun vun enger Praxis zu Waasserbëlleg
Fir d’Praxis an dësem Neibau hu mir eng Receptioun, eng Salle d’Attente, 2 Büroen an en Operatiounsraum entworf.
En Amenagementsplang souwéi e Faarf- a Materialkonzept goufe gemaach.
Mir hunn och d’Miwwelen entworf, déi vun engem Schräiner gemaach goufen.
Schibedieren aus wäissem Glas erlabe Flexibilitéit an der Notzung vum Raum.
Renovatioun vun den Toiletten an der Brasserie Guillaume an der Stad
Dësen Espace hu mir nei entworf fir sech am Amenagementskonzept vun dësem bekannte Restaurant am Zentrum vun der Stad ze integréieren.
Amenagement vun enger Buedzëmmerausstellung zu Iechternach
Wéi mir an dësen Espace koumen, war en nach am Bau. Et konnt een nëmme Bëtong an e groussen oppenen Espace voller Méiglechkeete gesinn.
Zesumme mam Proprietären hu mir den Amenagementsplang fir déi verschidde Beräicher elaboréiert, fir d’Miwwelen an d’Sanitären ze präsentéieren an déi verschidde Verkafs-Offeren ze betounen.
Mir hunn d’Bürosmiwwelen, souwéi eng Receptioun entworf, déi vun engem Schräiner gemaach goufen.
En individuelle Faarf- a Materialkonzept gouf gemaach fir all d’Beräicher, déi duerch Gyproc Mauere getrennt sin.
Mir hunn decidéiert, d’Leitungen um Plaffong siichtbar ze loossen. Dëse gouf anthracite ugestrach.
Hänkend Holzelementer ënnersträichen d'Fluiditéit vum Raum an dénge gläichzäiteg als Orientéierungspunkt fir de Visiteur.
Konzeptioun vun enger Zone d’Attente fir d’Pôle Nord Gebai an der Stad
Dës Receptiounszon huet missen an dat bestoend Konzept vun dësem bekannte Gebai zu Lëtzebuerg passen.
Mir hunn eng Salle d’attente entworf, souwéi eng Bänk aus wäissem Corian.
Konzeptioun vum Restaurant Brasserie A Guddesch zu Biereng
fir Carré Beaufort s.àr.l.
Mir hunn den Innenarchitektursplang fir dësen Neibau gemaach.
Miwwele sur mesure wéi d’Bar an d’Paravente goufen speziell entworf.
E Materialien- a Faarfkonzept souwéi e Beliichtungskonzept goufe gemaach.
Agence AXA Assurances zu Jonglënster
Fir dësen Espace vun engem Neibau hu mir eng ronn Receptioun entworf, souwéi 2 Büroen an en Direktiounsbüro.
Den ofgehaangene Plaffong an d’agebaute Beliichtung ënnersträichen d’Fluiditéit vun dësem lëftege Raum.
Konzeptioun vun der Agence Sales Lentz zu Bartreng – City Concorde
D’Erausfuerderung war, en Amenagement fir eng Agence ze maachen, dee Loscht op Vakanz maache sollt.
Gläichzäiteg huet de Raum missen optimiséiert ginn, fir eng Open-Space-Aarbecht ze garantéieren a d’Clientë vertraulech empfänken ze kënnen.
Amenagement vun der Firma Fisogest zu Lëtzebuerg
Dësen Neibau huet misse mat Büroen a Konferenzraim op verschiddene Stäck a mat verschiddene Gréissten ausgestatt ginn.
Mir hunn den Opdeelungsplang fir dës Raimlechkeete gemaach, mat Bannemaueren, déi hu misse gebaut ginn.
D’Schreifdëscher an aner Stockage-Miwwele goufe vun ons sur mesure entworf a gebaut.
Zu den akustesche Plaffongen hate mir d’Iddi mat organesche Formen ze schaffen. Doduerch presentéieren se e weidert optesch interessant Element a wierken net stéierend.
Design vum Restaurant Le Nid Gourmand zu Munneref
fir Carré Beaufort s.àr.l.
Dëse Restaurant gouf komplett nei entworf a renovéiert.
E Miwwel-, Material- a Beliichtungskonzept gouf gemaach.
Transformatioun vum Hotel Beau Sejour zu Munneref
fir Carré Beaufort s.àr.l.
Dëse bekannten Hotel zu Munneref gouf komplett nei entworf a renovéiert.
E Miwwel-, Material- a Beliichtungskonzept gouf gemaach.
Amenagementsprojet vum Restaurant Club 5 am Utopolis – Kierchbierg
No der Ufro vun eisem Client, hu mir en neien Innenarchitektursplang fir de Restaurant am Gebai vum Kino Utopolis um Kierchbierg entworf.
Leider konnt dëse Projet net duerchgefouert ginn, well de Locatiounskontrakt net verlängert gouf. Mir hätten dëse frëndleche Restaurant, deen zënter der Ouverture zum Utopolis gehéiert huet, gäre mat enger neier Ambiance gesinn.