PROJETE FIR PRIVATLEIT


 
 
 

Renovéierung fun engem Appartement um Cents

  • Déi al Kiche gouf rausgeholl

  • Sur-Mesure-Design vun enger neier Kichen mat engem integréierte Bicherregal

  • D'Plättercher goufen an desem Projet gehal

  • D’Miwwelen am Salon an am Iesszëmmer goufen ausgewielt an deelweis sur mesure produzéiert

  • Mir hun d'Beliichtung ernaiert an e falsche Plaffong mat indirekter Beliichtung iwwert dem Kicheberaich agezunn

  • Mir hun de Miwwel fier d'Telé gezeechent fier dass e bei de naien moderne look fun der Kiche passt

  • Choix vu Faarwen, Materialien a Mauerbekleedungen

 
 

 
 

Renovatioun vun engem Eefamilljenhaus zu Housen

  • Déi al Kiche gouf eliminéiert fir e groussen oppene Raum ze kreéieren

  • Sur-Mesure-Design vun enger neier Kichen, gebaut vun engem lokale Schräiner

  • Groussformateg Plättercher goufen als Buedembelag gewielt

  • Eng nei Glasdier invitéiert fir d’renovéiert Wunnzëmmer ze entdecken

  • D’Miwwelen am Salon an am Iesszëmmer goufen ausgewielt an deelweis sur mesure produzéiert

  • D’Beliichtung gouf geännert an e falsche Plaffong mat indirekter Beliichtung verdeckt en Träger

  • Den ale Kamäin gouf duerch en neie mat engem moderne Look ersat

  • Déi separat Toilette gouf renovéiert

  • D’Trap gouf ersat duerch eng nei mat engem Glas-Gelänner

  • Choix vu Faarwen, Materialien a Wandbedeckungen

 
 

 
 

Neien Amenagement fir en Haus zu Schrondweiler

  • Mir hunn d’Kiche renovéiert andeems mir al Elementer duerch nei Rangementen aus Eechenholz ersat hunn

  • D’Hott an d’Aarbechtsplack goufen och ersat fir der Kichen en neie Look ze ginn

  • D’Kicheninsel gouf verlängert fir en Espace »petit déjeuner en famille« ze kreéieren

  • D’Miwwelen am Living an am Iesszëmmer goufen ausgewielt an deelweis »sur mesure« entworf

  • D’Beliichtung gouf geännert an e falsche Plaffong mat indirekter Beliichtung gouf iwwer d'Kicheninsel gebaut fir hier länglech Form ze ënnersträichen

  • E Bioethanol Kamäin gouf an en »sur mesure« produzéierten Tëlee-Miwwel integréiert

 

 
 

Amenagement vun engem Neibau zu Holzem

  • Déi Haaptufuerderung war hei en harmonescht Gesamt-Konzept fir dëst Eefamilljenhaus en construction ze erstellen

  • Mir konnten e puer Maueren aus dem urspréngleche Architektur Plang eliminéieren an duerch Miwwelen op Moos  oder „panneautagen“ mat verstoppten integréierten Dieren ersetzen

  • E Miwwel mat enger Gas-Cheminée an enger verstoppter Televisioun doriwwer gouf heivir speziell gebaut

  • D’Buedzëmmer Ariichtungen goufen dem Styl vum Haus ugepasst a mat entworf

  • Miwwelen a Beliichtung goufe gewielt an indirekt Beliichtung an deelweis an Miwwel oder Plaffong integréiert

  • 3D-Zeechnunge hunn et erlaabt d'Endresultat an d’Ambiance vum Haus ze weisen

 
 

 
 

Renovatioun vun engem Living zu Izeg

  • An dësem Haus hu mir en neie Look fir den Living realiséiert

  • Mir hunn decidéiert en existente Kamäin ewechzehuelen

  • Eng natierlech Mauer aus Steng verstoppt e puer Bau-Elementer

  • Op Mooss ugefäerdegt Miwwelen sinn Deel vum neien Design

  • En Beliichtungskonzept gouf developpéiert an integréiert indirekt Beliichtung an de Miwwelen an am Plaffong

 
 

 
 

Renovatioun vun engem Rez-de-Chaussée an engem Eefamilljenhaus zu Izeg

  • An dësem Haus hu mir en Deel vum Rez-de-Chaussée renovéiert

  • Mir hunn decidéiert eng Mauer tëscht der Kichen an engem existente Büro ewechzemaachen

  • D’Kichen gouf speziell entworf fir sech an de Stil vum Haus ze integréieren

  • Déi existent Trap gouf ofgeschlaff an nei traitéiert a Schief goufen drënner agebaut

  • E Miwwel am Bibliothéik-Stil mat integréiertem Schreifdësch gouf op Mooss gemaach a verstoppt gläichzäiteg d’Garagendier

  • E puer besonnesch Elementer goufen behalen fir den Charakter vum fréieren Haus ze ënnersträichen

 
 

 
 

Renovatioun vun engem Eefamilljenhaus zu Gonnereng

  • An dësem Haus hu mir d’Wunnfläch vergréissert andeems mir eng Veranda ugebaut hunn.

  • E puer Mauere goufen opgerappt fir d’Notzung vum existente Raum ze optimiséieren.

  • Eng oppe Kichen ass Deel vum neien zäitgenësseschen Amenagement.

  • Mir hunn eis fir e waarme Buedembelag entscheet a fir Miwwele sur mesure a passende Faarwen.

  • E Beliichtungskonzept fir d’Ambiance gouf gemaach fir den Ensembel komplett ze maachen.

 

 
 

Erweiderung vun engem Haus duerch eng Veranda zu Izeg

  • D’Proprietäre vun dësem Haus wollte méi Plaz an hirer Kichen.

  • Si wollten en Espace Salle à Manger nieft der zentraler Kicheninsel.

  • Mir hunn eng Veranda bäigefüügt, déi den Espace vergréissert.

  • D’Baussemauer gouf opgemaach ouni déi bestoend Kichen ze veränneren.

  • De Buedembelag an déi nei Miwwelen ergänzen déi existent Materialie perfekt.

 

 
 

Renovatioun vun engem Appartement an der Stad

  • D’Iddi fir dëst Appartement war et, diskret Schief ënnerzebréngen, déi sech optimal an d’Architektur vum Raum integréieren an doduerch quasi net als Schaf erkennbar sinn.

  • Mir hunn e Miwwel entworf, dee sech iwwert déi ganz Längt vun der Mauer vun dësem Appartement zitt, den och als Stockage déngt an an deem mir d’Entréesdiere fir d’Schlofkummeren an d’Buedzëmmer integréiert hunn.

  • D’Beliichtung ass geännert an optimiséiert ginn.

  • D’Faarwe vun de Maueren a Plaffonge goufen ugepasst.

 

 
 

Neit Amenagement fir en Haus zu Nidderaanwen

  • An dësem Efamijenhaus hu mir de Living nei ageriicht

  • Miwwelen goufen erausgesicht an zum Deel op Moos entworf

  • D’Beliichtung gouf geännert an zu deem Zweck hu mir e falsche Plaffong ronderëm d’Maueren agezunn, andeem mir déi nei Beliichtung ënnerbruecht hunn 

  • E bestoende Kamäin an eng Glasbausténg Mauer gouf erausgeholl fir d’Raumorganisatioun ze optimiséieren

 

 
 

Renovatioun vun engem Eefamilljenhaus zu Stroossen

  • Hei hu mir de Rez-de-Chaussée renovéiert

  • De Buedembelag ass bliwwen, awer eng Mauer mat engem ale Kamäin gouf erausgeholl an duerch e neie Miwwel mat integréiertem Gas-Kamäin ersat, deen mir speziell fir dëse Projet entworf hunn 

  • D’Beliichtung gouf geännert an d’Miwwelen zum Deel nei erausgesicht

 

 
 

Renovatioun vun engem Haus zu Eschduerf

  • An dësem Haus hu mir eng Mauer ewechgeholl fir e grousse Wunnraum mat Salon an Iesszëmmer ze maachen.

  • E Miwwel- a Beliichtungskonzept war hei och Deel vun onsem Optrag.

  • Mir hunn eng Wandverkleedung aus Holz entworf, en agebaute Kamäin an e falsche Plaffong mat indirekter Beliichtung fir de gewënschte „Chalet-style“ ze kreéieren.

  • Eng nei Buedzëmmer am Stil vun dësem Haus gouf speziell entworf.

 

 
 

Renovatioun vun engem Appartement an der Stad

  • Dëst Appartement hat eng „klassesch“ Opdeelung mat enger klenger Kichen.

  • D’Proprietärin wollt de Raum opmaachen fir an engem frëndlechen a lëftegen Raum ze liewen.

  • Mir hunn dofir d’Mauer ewechgeholl, déi d’Kichen an d’Wunnzëmmer getrennt huet.

  • Déi nei Miwwelen sinn hell, mat e puer rouden Elementer fir e kontrasträichen Effekt ze kreéieren.

  • Agebaute Luuchte goufe an engem neien ofgehaangene Plafond integréiert, fir déi nei Raumopdeelung ze ënnersträichen an zum Deel och indirekt ze beliichten.

 

 
 

Renovatioun vun engem Haus zu Chrëschtnech
an Zesummenaarbecht mat Concept Interior Design S.A.

  • Dëst Haus ass komplett renovéiert ginn.

  • D’Opdeelung gouf geännert, fir sech un d’Liewe vun den neie Proprietären unzepassen.

  • E Raum iwwert der Garage ass dem Wunnzëmmer bäigefüügt ginn, mat enger Ouverture am Plaffong  fir en Espace „Galerie Ouverte“ ze maachen.

  • Mir hunn e puer Maueren aus natierleche Steng stoegelooss an hunn eng Beliichtung bäigefüügt fir se ze betounen.

  • Eng nei zentral Trap integréiert sech wéi eng Skulptur an den Ensembel.

  • D’Kichen an e puer Miwwelstécker goufen extra entworf.

 

 
 

Renovatioun vun engem Haus zu Stroossen

  • Fir dëst Haus hu mir e Faarwen- a Material-Konzept gemaach.

  • Mir hunn d’Buedzëmmer an de Living nei entworf.

  • Beliichtungen, souwéi personaliséiert Miwwele goufe bäigefüügt.

 

 
 

Design vun zwee Buedzëmmeren zu Biissen

  • Fir der Haaptbuedzëmmer eng nei Ambiance ze ginn, hu mir e Buedem aus Beton ciré gewielt.

  • Mir hunn ons entscheet d’Lavaboen an d’Mëtt vum Raum ze setzen, doriwwer vum Plaffong ofgehaange Spigelen. Si sinn dat éischt wat ee gesäit, wann een erakënnt an dénge gläichzäiteg als Paravent virun der Buedbidden.

  • Déi italienesch Dusch ass komplett mat engem Mosaik gemaach, deen et erlaabt, ronn Formen ze realiséieren, ënnerstrach vun enger indirekter Beliichtung.

 

 
 
 

Renovatioun vun enger Kichen zu Käerjeng

  • En neie Buedembelag souwéi Miwwele sur mesure maachen dësen neie Raum aus.

  • D’Opdeelung vun der Kiche gouf geännert, fir eng grouss zentral Kicheninsel mat engem „Coin Petit Déjeuner“ fir déi ganz Famill ze integréieren.